| Intro | jazzmuzikant |
| Was | Jazz musician |
| Type | Music |
| Birth | 7 February 1907 |
| Death |
February 1976 (aged 69 years) |
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d’FAQ eran. |
Den Tommy Dallimore, gebuer de 7. Februar 1907 zu London a gestuerwen am Februar 1976 an der Stad Lëtzebuerg, war en engleschen Trompettist, dee mat zu de Pionéier vun der Lëtzebuerger Jazzmusek gezielt gëtt.
Hien ass 1934 mam rumänesch-jiddeschen Orchesterchef Efim Schachmeister iwwer d’ Belsch op Lëtzebuerg koum, an deem sengem Orchester e bis 1938 jeeweils d’Wantersaison am Hotel Alfa an d’Summersaison am Kurhotel zu Munneref gespillt huet. Zu Munneref huet hie seng spéider Fra Félicie Schuster kennegeléiert.
Wéi de Schachmeister 1938 a Latäinamerika ausgewandert ass, ass den Dallimore zu Lëtzebuerg bliwwen. Während der Zäit vun der Däitscher Besatzung hat hie, well en Englänner war, Spillverbuet a stoung ënner Arrest, mä no der Befreiung huet hie säin eegenen Orchester gegrënnt a mat groussem Succès Danzmusek fir d’amerikanesch Zaldote-Basen an der Ëmgéigend an um Radio gespillt. Dono huet hien iwwer 10 Joer laang Danzmusek am Pôle Nord gespillt. Am Haaptberuff war hie Reesender fir Kannerspillsaachen.
An engem Noruff gouf hien als “un bonhomme jovial, farfelu au sens agréable du terme, un peu excentrique, certainement pittoresque, marqué par la vie d’artiste“, beschriwwen.
Hie läit zu Munneref begruewen.