Buby Reinsch’s biography, net worth, fact, career, awards and life story

Intro jazzmuzikant
Was Jazz musician 
Type Music 
Birth 1910
Death 1981
(aged 71 years)

De Buby Reinsch, gebuer 1910 zu Beckum a Westfalen, mam richtegen Numm Adolf Blumenfeld, a gestuerwen 1981 zu Zürich, war en däitschen Jazzgittarist, deen tëscht 1935 an 1960 zu Lëtzebuerg gelieft a gewierkt huet.

Säi Gebuertsnumm Blumenfeld huet hien uganks der 1930er Jore géint den däitschen Nonumm Reinsch vu senger Mamm ausgetosch, fir weiderhin Engagementer am nationalsozialisteschen Däitschland ze kréien. 1935 ass hie virun der Gestapo op Lëtzebuerg geflücht, wou hie séier Engagementer fonnt huet. An der Zäit vum Zweete Weltkrich hat hie Spillverbuet an huet missen an enger Lampertbierger Schräinerei schaffen.

Vum September 1944 un huet hien an alle bekannten Etablissementer uechter d’Land gespillt an huet seng eege Band gegrënnt mam Numm Buby Reinsch and his Reincheros. Mat der ëmmer méi grousser Konkurrenz vu Kino, Fernseh an dem opkommende Rock’n Roll huet hie sech an d’Schwäiz zréckgezunn, wou hie bis Mëtt der 1970er Joren an der bekannter Kindli Band als Gittarist a Banjospiller aktiv war.

Referenzen

You May Also Like